Trail zu Miersch: Victoirë fir François Reding a Moczo Zsanett
Ronn 350 Leefer hu sech e Samschdeg beim Mierscher Aquazenter op de Wee gemaach, fir pittoresk Ecker aus dem Dall vun de 7 Schlässer z'entdecken.
Ronn 350 Leefer hu sech e Samschdeg beim Mierscher Aquazenter op de Wee gemaach, fir pittoresk Ecker aus dem Dall vun de 7 Schlässer z'entdecken.
No der knapper 22:21-Victoire am Allersmatch konnt Déifferdeng och de Retourmatch mat 27:25 fir sech entscheeden.
Beim Test-Lännermatch tëscht de Lëtzebuerger Dammen an de Kurpfalz Bären aus der 1. Bundesliga gouf et um Enn eng kloer Néierlag fir d'FLH-Formatioun.
En Donneschdeg soll den F91 an der Europa League op der Arelerstrooss géint Nikosia spillen. Dofir muss de Wues bis dohinner awer an der Rei sinn.
Den éischte Slalom vun der neier Saison goung iwwerleeën un d'US-Amerikanerin.
Mat enger iwwerzeegender Leeschtung konnt sech de Lëtzebuerger en solitär d'Victoire sécheren.
Käerjeng léisst Schëffleng keng Chance an Esch ka sech géint Dikrech duerchsetzen.
Net manner ewéi siwe Goler kruten d'Supporter zu Nidderkuer ze gesinn. Um Enn war d'Lokalekipp méi effizient.
De Racing klappt d'Fiels mat 79:56, Esch bleift weiderhin ongeschloen.
De Weekend war de 7.Spilldag am nationale Volleyball-Championnat. Déi komplett Resultater an d'Tabell fannt dir hei.
Diddeleng bleift domat un der Spëtzt vum Championnat, Iechternach bleift um Enn vun der Tabell.
De Weekend war den 10.Spilldag am nationale Futtball-Championnat bei den Dammen. Déi komplett Resultater an d'Tabell fannt dir hei.
Zweete gouf Norwegen, dëst viru Polen a Slowenien. Däitschland gouf nëmme 5.
Schalke klappt Bremen, Gladbach verléiert géint Union Berlin, bleift awer weider Leader.
Tottenham wënnt bei Debut vum Mourinho, a Spuenien setze sech Barcelona a Real Madrid duerch, Juventus ka sech an Italien behaapten.
E Samschdeg goufen am nationalen Tenniszenter zu Esch d'Halleffinalle vun den FLT-Masters gespillt.
De Lëtzebuerger a säi Päerd Quater Back Junior FRH konnte beim Grand-Prix de Dressage zu München an Däitschland mat 72,413 Prozent iwwerzeegen.
Déi russesch Agance soll international Standarden net respektéiert hunn.
D'Partie tëscht der Sparta an der Etzella gëtt op RTL.lu an op den Appen am Livestream gewisen.
E Freideg den Owend goufen déi lescht Matcher an der Gruppephas vun den FLT-Masters am nationalen Tenniszenter zu Esch gespillt.
Мы не навязываем Вам своё видение, мы даём Вам объективный срез событий дня без цензуры и без купюр. Новости, какие они есть — онлайн (с поминутным архивом по всем городам и регионам России, Украины, Белоруссии и Абхазии).
123ru.net — живые новости в прямом эфире!
В любую минуту Вы можете добавить свою новость мгновенно — здесь.