Gemeng Ell mellt Waasserfuite: Verschidde Stéit an der Areler- an an der Beekericherstrooss hu kee Waasser
D'Gemeng Ell mellt en Dënschdeg de Moien eng Waasserfuite. D'Aarbechte kéinten de ganzen Dag daueren. Fir déi betraffen Awunner gouf e Waasserhydrant beim Futtballsterrain zu Ell installéiert.
